"Here comes the sun"

Onoofhängeg ginn vun der fossiller Energie

Communiqués de presse - octobre 6, 2017
Greenpeace mobiliséiert sech zanter Joren fir d'Ëmsetzen vun enger fossill-fräier Energieproduktioun. Dëst ambitiéist Zil, wat Greenpeace an aner ONGen ënnerstëtzen, krut nachmol vill Réckewand nom Klimaschutz-Akkord vu Paräis, wei d'Weltleaderen endlech eng gemeinsam Positioun bezunn hunn. Elo mussen mir all zesummen konkret Schrëtt ënnerhuelen - et gëtt nach immens vill ze dinn !




D’Zieler vum Paräiser Accord sinn historesch a wichteg, mee et geet net séier genuch. Weltwäit ginn d’Ustrengungen vun den Staaten nach net weit genuch. Als Greenpeace wëllen mir de Prozess beschleunegen an setzen eis mat Bierger, Schüler a Jugendlecher dofir an, d’Solarenergie massiv auszebauen. Rezent hu mir puer Workshops organiséiert, an der Kufa zu Esch an  och am Hariko zu Bouneweg, zwou  Plazen vun kreativer an integrativer Aarbecht, wou mir den Participanten den Ëmgang mat den erneierbaren Energien spilleresch, praxisorientéiert an awer och mat Fakten an Zuelen presentéiert hunn. Niewent solarem kachen a baken hu mir och gewisen wei een sech selwer eng duerch Sonnenenergie gespeisten Täscheluucht baut.



Niewent den edukative Projeten rappelléieren mir un d'Politik, dass mer Schluss maachen mussen mat der fossiller Energie. Transitioun hin op 100 Prozent erneierbar Energien ass net nëmmen méiglech mee et ass en absoluten Must. Esou bekämpfen mir de Klimawandel a setzen eis géint ëmwelt- a gesondheetsschiedlech Energien an. Eng aner innovativ Energiepolitik ass méiglech, virun allem mat de Bierger zesummen. Dës Woch huet Greenpeace a Mëttel- an Osteuropa genau wéi schonns virdrun zu Paräis, Barcelona an Madrid mat kreativen Aktiounen ob d'Thema opmierksam gemaach. Weltwäit wiisst den Interêt un der rentabeler, erneierbarer Sonnenenergie. Zu Lëtzebuerg, wou manner wéi 1 Prozent vum Energieverbrauch duerch d’Sonn oder de Wand produzéiert ginn, wäert an Zukunft den Engagement vun de Bierger fir die erneierbar Energien besonnesch wichteg ginn.




Fir weider Informatiounen oder fir aktiv matzemaachen bei engem Solarprojet an Virschléi mëllt Iech beim Fränk.