Wëllkomm Frank

Nei neien Chargé de Campagne fir d'erneierbar Energien

Actualité - avril 13, 2017
Franck Thinnes ass nei neien Chargé de Campagne fir d'erneierbar Energien hei zu Lëtzebuerg.

Franck Thinnes



Moien zesummen,

Ech freeën mech, mech Iech als neien Chargé de Campagne fir d'erneierbar Energien hei zu Lëtzebuerg virzestellen. Et ass fir mech eng grouss Éier an Freed bäi enger sou dynamescher an interessanter Organisatioun wei Greenpeace matzehëllefen an ze ënnerstëtzen.

An mengem fréieren Beruffsliewen war ech méi am ekonomeschen Beräich täteg, mee schonns als Consultant waren fir mech d' erneierbar Energien een vun den primären Themaen, déi mech an da Zäit beschäftegt hunn. Spéider hunn ech mat engem Partner en reng vegetareschen Restaurant an da Stad opgemaach, woubäi den ökologeschen Aspekt vun gréisster Bedeitung war an ass.

D'Erhalen vun da Natur ass fir mech eng vun den gréissten Erausfuerderungen, déi sech d'Mënschheet an dësem Joerhonnert ze stellen huet. En groussen Deel fëllt dobäi och ob eng nohalteg Produktioun vun da Energie, déi ma an eisem alldeeglechen Dagesoflaf verbrauchen.

Wësst dir, dass den aktuellen Undeel vun selwer produzéierten Solar- an Wandkraaft hei zu Lëtzebuerg bei net mol 1% vum Verbrauch läit?

Déi gutt Säit un der Saach ass, dass ma dat kennen änneren! Lëtzebuerg huet en immenst Potential wat bei wäitem nach net ausgeschöpft ass, an dofir freet et mech ëm sou méi des Opportunitéit ze ergräifen, an mat ärer Hëllef d'Energiepolitik zu Lëtzebuerg méi nohaltegen an responsabel ze gestalten.

Zesummen kënne ma dat packen!

Frank Thinnes